Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

 

Managerspill

Managerspiller sinn eng Zort vu Spiller, bei där s du d'Roll vum Manager vun enger Sportsekipp iwwerhëls. Du kanns zum Beispill als Futtballs- oder Basketballsmanager optrieden - vill Sportaarte si méiglech, Futtball ass allerdéngs am populärsten.

Der Welt hiren allerléifsten Online-Futtballmanager

Hattrick ass dat populärstent Futtballmanagerspill. Mer hunn honnertdausenden aktiv Manager.

Bei Hattrick bass de de Besëtzer a Manager vun denger eegener Futtballsekipp. Et ass un dir, fir déi wichteg Décisiounen iwwer Training, Scouting, Transfermaart ze treffen. Natierlech leien och déi taktesch Décisioune virun a während de Matcher ganz an denger Verantwortung. Däin Zil ass et, fir däi Veräin an deng Ekipp opzebauen, d'Géigner ze klappen an am Divisiounesystem virunzekommen, wou och all deng aner mënschlech Géigner spillen.

Hattrick kann ëmmer gratis gespillt ginn

Hattrick ass e gratis Managerspill. Et wäert dech ni eppes kaschten, fir eng Ekipp unzemellen a se dono ze managen. Mer wäerten och ni Sue froen, am Échange géint Virdeeler am Spill. Et ass allerdéngs méiglech, fir däi Benotzerkont mat Hattrick Supporter ze verbesseren. Doduerch kriss de extra Méiglechkeete fir deng Ekipp ze analyséieren an ze personaliséieren, a fir mat anere Manager ze interagéieren.
 
Server 071